1️⃣
Matbestemmung.lu

24006 Ënnerschrëften
Let's get to 25,000 96.02%

Mat Ärer Ënnerstëtzung kënne mir e Referendum duerchsetzen. Maacht mat a fuerdert e Referendum iwwert d’Verfassungsrevisioun. 👇

    Postleitzuel (fir iech Hiweiser iwwert Är Gemeng zoukommen ze loossen)


    2️⃣
    Petitioun n° 2007

    D’CSV huet an der Sëtzung vum 20. Oktober versprach datt wann d’Petitioun 2007 bis den 8. November iwwer 25.000 Ënnerschrëfte vun Persounen iwwert 18 Joer géif kréien, hir Deputéiert OCH géifen fir e Referendum ënnerschreiwen. Domadder wier den zweete Wee op, deen wou 16 Deputéiert duerginn fir e Referendum ze fuerderen.
    Dëse Wee ass deen einfachsten a mir invitéiere JIDDEREEN och d’Petitioun 2007 z’ënnerschreiwen ! Wien Formulairen op Pabeier brauch fir Ënnerschrëften ze sammelen, kann sech bei eis mellen ënnert piraten@chd.lu 👇

    Wann Dir gäeren hëllefe wëllt Ënnerschrëften op Pabeier ze sammelen dann hutt Dir e puer Méiglechkeeten:

    1. Dir print Iech selwer de Formulaire eraus. 
    2. Dir kommt Iech Kopien vum Formulaire op 22, rue de l’Eau tëscht 9:00 an 17:00 sichen.

    Fir d’Ënnerschrëften herno un d’Chamber ze schécken kënn Dir se rem entweder bei eis ofginn a mir ginn se zesummen of oder dir schéckt eis se op PIRATEN – 22, rue de L’Eau – L-1449 Luxembourg, natierlech kënn Dir se och direkt un d’Chamber un d’Commission des Pétitions schécken.

    logo+rbk

    Fir e Referendum iwwert eis Verfassung !

    D’PIRATEN sti kloer fir e Referendum iwwert eis Verfassung an ! Nodeems den 20. Oktober dat éischt Kapitel vun de Verfassungsännerungen an der Chamber gestëmmt gouf, ginn et elo 2 Pisten fir e Referendum duerchzesetzen.

    1. Bis den 3. November eng Demande areechen fir e Referendum ze maachen AN duerno an zwee Méint 25.000 Ënnerschrëften op Pabéier an de Gemengen ze sammelen !
      Fir dës Piste opzehalen hu mir matbestemmung.lu an d’Liewen geruff fir ze koordinéieren an ze préparéieren. Hei kënn Dir Äre Support ausdrécken a mir halen Iech um Laafenden wéi mer am Beschten e Referendum kënnen erzwéngen. Deng Daten hei erlaben eis den Interessi ofzeweien an ze gesinn ob e Comité eis zum néidegen Ziel géif féieren.

    1. D’CSV huet an der Sëtzung vum 20. Oktober versprach datt wann d’Petitioun 2007 bis den 8. November iwwer 25.000 Ënnerschrëfte vun Persounen iwwert 18 Joer géif kréien, hir Deputéiert OCH géifen fir e Referendum ënnerschreiwen. Domadder wier den zweete Wee op, deen wou 16 Deputéiert duerginn fir e Referendum ze fuerderen.
      Dëse Wee ass deen einfachsten a mir invitéiere JIDDEREEN och d’Petitioun 2007 z’ënnerschreiwen ! Wien Formulairen op Pabeier brauch fir Ënnerschrëften ze sammelen, kann sech bei eis mellen ënnert piraten@chd.lu


    Biergerbedeelegung muss einfach an onkomplizéiert sinn, fir esou vill wéi méiglech Bierger z’erreechen, an eis Demokratie lieweg ze halen. Dat ass d’Positioun vun de Piraten an dofir hunn mir matbestemmung.lu an d’Liewe geruff. 

    D’Zil vun dësem Site ass et, de Bierger een einfache Wee ze bidden op deem si kënnen de Politiker matdeelen, ob si ee Referendum wëllen oder net. Wann mir genuch Biergerinnen a Bierger fannen, déi sech ee Referendum wënschen, kënne mir esou Drock op déi véier grouss Parteien (CSV; LSAP; DP; Déi Gréng) ausüben a mir kënne gegebenfalls och de Wee/Transport an d’Gemengen organiséieren, fir esou wéi d’Verfassung an d’Gesetz et haut virschreift, offiziell ee Referendum unzefroen.

    Zesumme kënne mir ee Referendum méiglech maachen. Ëm wat geet et an deene véier Proposen?


    Déi proposéiert Verfassungsännerunge goufen thematesch gebündelt. D’Propositioune beschäftege sech mat verschiddenen Sujeten:

    • D’Propositioun 7575 befaasst sech mat der Justiz zu Lëtzebuerg an assuréiert hier Onofhängegkeet vis-à-vis vun der Regierung an der Chamber. D’Cour constitutionelle kritt méi Attributiounen an et gëtt e Conseil national de la justice geschaf, deen dozou bäidroe soll, d’Justice méi transparent ze maachen.
      E kommend Gesetz soll d’Detailer vun dësem Conseil festhalen. An der Verfassung gëtt just notéiert, dass et dëse Conseil soll ginn; d’Ëmsetzung gëtt per Gesetz gereegelt. 

    • D’Propositioun 7700 befaasst sech mat der Organisatioun vum Staat. Hei soll ënnert anerem d’Lëtzebuergesch Sprooch als Nationalsprooch festgehale ginn – eppes wat bis elo nach net de Fall war – an de Grand-Duc gëtt a senge Rechter an Aufgabe limitéiert zugonschte vun den demokrateschen Institutiounen.

    • D’Propositioun 7755 befaasst sech mat de Rechter a Flichte vun de Bierger. Hei gi Grond- a Fräiheetsrechter festgehalen, d’Recht op Famijegrënnung gëtt an den Text opgeholl an d’Kannerrechter gi gestäerkt. Eng besonnesch Ännerung betrëfft d’Festschreiwe vu spezifesche Staatsziler. Déi nei Verfassung gesäit fir, dass Ëmwelt- a Klimaschutz an och den Déiereschutz mussen zu de Prioritéite vun all Regierung zielen.

    • D’Propositioun 7777 befaasst sech mat der Députéiertechamber an dem Conseil d’Etat. D’Chamber soll an hirer Kontrollfunktioun mam néien Text gestäerkt ginn, andeems d’Aufgab vun der Regierunskontroll an domat verbonnen, d’Recht all Aart vun Informatiounen an Dokumenter vun der Regierung ze froen, explizitt festgehale gëtt. Den neien Text sprécht der Chamber och d’Recht zou, eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen, wann 1/3 vun den Deputéierten dëst fuerdert. Aktuell ass nach eng Majoritéit néideg. Interessant fir Persounen, déi als Bierger méi an d’Politik wëllen abezu ginn, ass an dësem Text virun allem déi nei Méiglechkeet vun der „Initiative législative citoyenne“, eng Prozedur, déi scho vum EU-Niveau bekannt ass an elo och zu Lëtzebuerg Realitéit kéint ginn. Ähnlech wéi bei enger Petitioun kéinte Bierger sech zesummeschléissen an iwwert dëse Wee d’Chamber zwéngen, sech mat gewësse Gesetzesproposen ze beschäftegen.


    Firwat ginn et véier Texter? Mir hunn dach nëmmen eng Verfassung? 

     

    Ursprénglech hat d’Chamber just een Text virleien, dee sämtlech Verfassungsännerunge regruppéiert huet. Well dësen Text lues a lues awer ëmmer weider un Ënnerstëtzung verluer huet, an ee sech net méi sécher war, ob sech déi néideg Majoritéit fir e Vott géif fanne loossen, gouf entscheed, den Text a véier ze deelen. Esou konnt een dunn nach emol separat un deenen eenzele Bausteng schaffen, éier deemnächst iwwert dës Propositiounen an der Chamber wäert ofgestëmmt ginn.

    Wéi kann ech mech nach weider iwwert déi vun der Deputéiertechamber proposéiert Verfassungsännerungen informéieren?

     

    Déi vollstänneg Texter sinn op der Websäit vun der Chamber ze fannen. Hei gëtt et niewent de kompletten Texter och nach eng Rei Zesummefaassungen.

    Et gëtt och e Video, an deem d’Parteien déi nei Verfassung präsentéieren op.

    Falls Dir Froen hutt oder Problemer hutt d’Volltexter vum Site vun der Chamber ze fannen, kënnt Dir Iech allzäit gäre bei eis mellen iwwer ahoi@piraten.lu .