Dateschutz

Mir (Piratepartei Lëtzebuerg ASBL, genannt Piraten, Mir), si responsabel fir den Traitement vun den Donnéeën, déi s du hei agëss. Mir späicheren dës Kontaktdaten an enger temporärer Datebank. Mam Akzeptéieren an Ofschécke vun dësem Formulaire akzeptéiers du, dass deng hei agedroen Donnéeën an dësem Fichier däerfe gespäichert ginn. Deng Donnéeë kënnen da vun eis benotzt ginn, domat mir eis mat dir a Verbindung setze kënnen (Verschécke vun eisem Newsletter, etc.). Falls du deng Donnéeën hei aginn hues a wëlls, dass mir dës läschen oder änneren, schreif eis einfach eng E-Mail ob ahoi@piraten.lu. Solls de eis en Zougrëff ob deng Daten nëmmen ënnert bestëmmte Bedéngungen erlaben, kanns de eis deng Konditioune virun denger Umeldung natierlech och gäre per Mail zoukomme loossen. Fir weider Informatioune bezüglech eiser Data Policy, oder wann s du Froen doriwwer hues, wat mat dengen Donnéeë geschitt, wien se traitéiert oder wann s de Abléck an deng Donnéeë kréie wëlls kanns du eng E-mail un eisen Data Protection Officer op privacy@piraten.lu schreiwen. Gären kanns du eis uruffen op der Nummer 20 33 37. Zu Lëtzebuerg këmmert sech d’CNPD dorëms, dass deng Donnéeë RGPD-konform traitéiert ginn. Solls du konkret Froen zum RGPD hunn oder dech an denge Rechter verletzt fillen, hues du allzäit d’Recht dech un si ze wenden.