D’CSV huet an der Sëtzung vum 20. Oktober versprach datt wann d’Petitioun 2007 bis den 8. November iwwer 25.000 Ënnerschrëfte vun Persounen iwwert 18 Joer géif kréien, hir Deputéiert OCH géifen fir e Referendum ënnerschreiwen. Domadder wier den zweete Wee op, deen wou 16 Deputéiert duerginn fir e Referendum ze fuerderen.
Dëse Wee ass deen einfachsten a mir invitéiere JIDDEREEN och d’Petitioun 2007 z’ënnerschreiwen ! Wien Formulairen op Pabeier brauch fir Ënnerschrëften ze sammelen, kann sech bei eis mellen ënnert piraten@chd.lu 👇
Wann Dir gäeren hëllefe wëllt Ënnerschrëften op Pabeier ze sammelen dann hutt Dir e puer Méiglechkeeten:
Fir d’Ënnerschrëften herno un d’Chamber ze schécken kënn Dir se rem entweder bei eis ofginn a mir ginn se zesummen of oder dir schéckt eis se op PIRATEN – 22, rue de L’Eau – L-1449 Luxembourg, natierlech kënn Dir se och direkt un d’Chamber un d’Commission des Pétitions schécken.
D’PIRATEN sti kloer fir e Referendum iwwert eis Verfassung an ! Nodeems den 20. Oktober dat éischt Kapitel vun de Verfassungsännerungen an der Chamber gestëmmt gouf, ginn et elo 2 Pisten fir e Referendum duerchzesetzen.
Biergerbedeelegung muss einfach an onkomplizéiert sinn, fir esou vill wéi méiglech Bierger z’erreechen, an eis Demokratie lieweg ze halen. Dat ass d’Positioun vun de Piraten an dofir hunn mir matbestemmung.lu an d’Liewe geruff.
D’Zil vun dësem Site ass et, de Bierger een einfache Wee ze bidden op deem si kënnen de Politiker matdeelen, ob si ee Referendum wëllen oder net. Wann mir genuch Biergerinnen a Bierger fannen, déi sech ee Referendum wënschen, kënne mir esou Drock op déi véier grouss Parteien (CSV; LSAP; DP; Déi Gréng) ausüben a mir kënne gegebenfalls och de Wee/Transport an d’Gemengen organiséieren, fir esou wéi d’Verfassung an d’Gesetz et haut virschreift, offiziell ee Referendum unzefroen.
Déi proposéiert Verfassungsännerunge goufen thematesch gebündelt. D’Propositioune beschäftege sech mat verschiddenen Sujeten:
Ursprénglech hat d’Chamber just een Text virleien, dee sämtlech Verfassungsännerunge regruppéiert huet. Well dësen Text lues a lues awer ëmmer weider un Ënnerstëtzung verluer huet, an ee sech net méi sécher war, ob sech déi néideg Majoritéit fir e Vott géif fanne loossen, gouf entscheed, den Text a véier ze deelen. Esou konnt een dunn nach emol separat un deenen eenzele Bausteng schaffen, éier deemnächst iwwert dës Propositiounen an der Chamber wäert ofgestëmmt ginn.
Déi vollstänneg Texter sinn op der Websäit vun der Chamber ze fannen. Hei gëtt et niewent de kompletten Texter och nach eng Rei Zesummefaassungen.
Et gëtt och e Video, an deem d’Parteien déi nei Verfassung präsentéieren op.
Falls Dir Froen hutt oder Problemer hutt d’Volltexter vum Site vun der Chamber ze fannen, kënnt Dir Iech allzäit gäre bei eis mellen iwwer ahoi@piraten.lu .